Summer News Kalennerwoch 29-2024 |
|
|
Samschdig 13. JuliKanner- a Familjemass zum Ofschloss vum Schouljoer |
|
|
| | Eis Helleg Madeléin huet sech bei der Kanner- an Familljemass ganz sécher geduecht : Cool... awer total iwwerflësseg – eng Palm vun Amazon wäert deen verreente Summer och néck retten. |
|
| | D’Mass stoung ënner dem Motto : 3 Saachen fir op eng Insel matzehuelen De Choix ass onendlech, vun iwwerflësseg bis total iwwerflësseg. Awer eppes muss onbedéngt matt – an dat ass e Mënsch zu deem een Vertrauen huet, matt deem e laachen an, wien weess, och kräischen kann. Och de Jesus huet seng Jünger ni eleng an d‘ Welt geschéckt, ëmmer zu Zwee. |
|
|
E ganzen Trapp jonk, motivéiert Mënschen hunn, no enger kurzer Aweisung, dem Opriichten vum Ravizelt dunn den Heel, Pioche an d‘Schubbkaren an de Grapp geholl an eis Gruewungsaktioun konnt fir d'sechst Joer um Përmeshaff starten. |
|
|
„Wat soll an deene nägste Wochen Alles passéieren ? – de Vurwëtz an d‘Erwaardungen si grouss.“ |
|
|
An no e puer Schlei matt Pioche an Heel, - oh hei - een Träpplek an dann een grousst Lach. Oh mei dat wäert jo néck dem Hëlligen Pirmin sein Graf sinn! Da wieren die Hornbacher an sengem Klouschter awer néck ganz glécklich. Gottseidank et ass keen Graf, - awer eng Trap - d‘Trap fir an de Keller!! do hu mer scho lang drop gewaart - endlich. No iwwer 80 Joer kommen vill Relikter erëm un Dagesliicht. Kennt der se? |
|
|
Wann Der awer lo mengt Alles géing sech op déi Trap an de Keller konzentréieren - manee - wäit gefeelt. Hei ass vill méi lass... |
|
|
De Leem-Atelier ass och rëm op an d‘Anne gënnt sech mol direkt eng Luxus – Leempakung |
|
|
| | Matt Fraepower gëtt di bäescht Stuff an Ugrëff geholl. Steen fir Steen gëtt sech an de Keller gewullt. An do sinn nawell deck Brocken derbäi. |
|
|
Am Keller ass schon gutt geschafft ginn. Treppleck vir Treppleck... ëmmer mi déif... Esoulues kann ee sech d'Trap virstellen |
|
|
| | an eng gutt Opsiicht an Dokumentatioun ass ëmmer garantéiert |
|
|
Eng verkuelten Dunn um Ufank vun der Trap... |
|
|
Secherheet ass wichtig, de Krëscht buddelt mol e Noutausgang | | |
|
|
Impressionant wat an der beschter Stuff geschitt. Schubbkar fir Schubbkar geet et mi déif an de Keller |
|
|
| | och hei verkuelten Dunnen... |
|
| | d'Schëtt ënner dem Kellerlach ass fräi... |
|
|
| | Alles fein säuberlich klasséiert |
|
| | Ass do een zukünftigen Archäolog um Wierk ? |
|
|
| | Mëttwochs ass Grilldag... |
|
| | ...ganz no der aler Traditioun, gell Willy a Jolly |
|
|
Een neien Chantier geet op, an der Stuff niewen der Kichen. Hei ass schöppen an Fangerspëtzegefill gefrot... firdass dem hölzen Parquet nëmmen Näischt geschitt! Et wuselt an allen Ecken, no 3 Deeg e super Resultat, Respekt! |
|
|
sou ganz niewebäi, no Feierowend, reecht d'Marianne och nach dat naast Graass op Häpp... |
|
|
Wärend ferm geschafft a beroden gëtt, pfleegt den Änder mol seng Haut matt enger Leemkur. Och am Keller vun der beschter Stuff gëtt schwéier geschafft |
|
|
| | Et ass néck ze gleewen déi éischt Dillen vum Parquet sinn fräi an dat no dem Brand vu virun 88 Joer. |
|
|
Lues ganz lues ganz lues , kommen mer dem Holzen Parquet mi no, eng delikat Uerbicht. |
|
|
Fester soll e feiren wéi se fällen... Alles Léiwes a Guddes Yara |
|
|
Villmols Merci fir di léif Hëllef am Gart ronderëm d'Klaisschen. |
|
|
Da gi mer d’Kellertrap erof, an de Wäikeller. No sou vill Joren fannen mer do ganz sécher eng gutt Fläsch. - HaHaaa, dat wiir et gewiescht, mä um Haff waren Locatairen déi haten aner Suergen, de Wäikeller vum Proprietär war ganz sécher zu Wooltz an der Thilgesvilla. Des Fläsch huet ëmmerhin 25 Joer (ebësse Spaass muss sënn, mer hu se den Owend virdrun verstoppt 😉) |
|
|
Et ass wie e Wonner, lues an lues ass den hölze Parquet erëm ze gesinn. E louch op dennen Dunnen iwwer den ierden Buedem. D’Dunnen si verbrannt mä d‘Eechendillen sinn zwar fragil ewer gutt ze erkennen. |
|
|
Wat war dat eng éischt Woch, eng Iwwerraschung no der anerer. Et ass wonnerbar Uerbicht geleescht ginn, Mitt awer zefridden huet all eenzelen séin Weekend verdingt. |
|
|
Ennen bei der Klaisschen ass nach kee Weekend. Den Hëlligen Pirmin erwaart Gäscht. Alles ass festlich gerëscht an och virun der Dir ass Alles tiptop. |
|
|
Häerzlech wëllkomm Pirminuskand, den Hëlligen Pirmin an säin Quellwaasser soll Dech däi Liewen lang beschützen. |
|
|
An zum Schluss nach eng kleng Geschicht, zu engem Medaillon deen an der Stuff font ginn ass : Dësen Medaillon ass zum 250sten Jubiläum vun der Ernennung vun der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gepräägt ginn. -Da rechent emol...1666+250 = 1916- ma dat war matzen am éischte Weltkrich an e guff néck gefeiert. Dat ass 1921 vum Bëschof Pierre Nommesch matt groussem Erfollig no geholl ginn. Bei där Geleeënheet ass d‘Oktav och op zwou Wochen erweidert ginn sou wi mer et och haut nach kennen. Merci un all Kommentarer op FB déi äis gehollef hun dat Datumsrätsel ze léisen... |
|
|
Dat war di éischt Woch... Fortsetzung kënnt... |
|
|
Les Amis de Saint Pirmin - Përmesfrënn Kaundorf asbl stpirminkaundorf@gmail.com www.stpirminkaundorf.lu Vertretungsberechtigte*r Geschäftsführer*in: Vereinsvorstand RCS Registernummer: F6601 Registergericht: Handelsregister Luxemburg |
|
|
|
|